Bikepacking Tour 2022

Back in Dänemark, Vakanz mat der Family

Sou, dat war et. Meng Rees ass eriwwer. Geschter Owend, um 20:30 hunn ech meng Fra, meng Kanner a mäin Hond no 5 Woche rëm gesinn.
War ee wonnerbaren Trip, mat vill Sonn, geleeëntlech bëssen oder vill Reen, Réckewand an och Wand vu fir, nujee et war vun allem dobäi.
Hat mega flott Platze vir zu schlofen – an och manner schéin -, konnt Frënn rëmgesinn, an der Belsch, Däitschland an Dänemark.
Gouf wéi oft gefrot vu wou ech géif kommen, wou ech hin wéilt…op ech alles bei mir hätt

Ech war effektiv sou präpareiert, dass ech 4-6 Deeg autark sinn konnt. Dank Powerbank an spezial Army-Food vu mengem Dänesche Frënd dem Klaus.

Wat ech net méi géif maachen…dorop wees ech keng Äntwert. Géif rëm alles sou maachen, wéi ech dat op mengem Tour gemaach hunn.
Op jiddefalls….war ee coolen Trip 😎

Larvik

Meng letzt Etappe vun menger Bikepacking Tour 😥

Meng letzt Kilometer, befiert et op Fär geet.

Wei ech zu Larvik ukomme sinn, ass mir réischt bewosst ginn, dass meng Rees een Enn huet.
Bisweile war dat nach sou wäit wäsch. Et kënnt mir fir, wéi wann ech réischt virun 8 Deeg fort gefuer sinn…

Mee lo sinn ech do! Hunn jo missen ëmmer bësse flexibel bleiwen, wéi a wouhin ech fueren. Bedéngt duerch schlecht Wieder hunn ech puer Deeg verluer, dann hätt ech et och nach gepackt bis Göteborg a Schweden zu fueren.
Mee egal, sinn glécklech a méi wéi zefridde wéi weit ech komm sinn…ouni zu leide 😀

24 Etappe…National Feierdaach an Norwegen 🇧🇻

xxx

23 Etappe, vun Nidelv Brygge op den Moen Camping

Haut war nees eng super flott Etappe, bei schéinstem Wieder.
Fuere weider um Nationalen Vëlo’s Wee N1 Richtung Larvik.
Eng Kéier un der aner, Bierg erop, Bierg erof…an och heiansdo duerch de Bierg.
Mir huet ee Mann erklärt, dass Norweger, dës Zäit am Joer, Green Winter nennen.
Nuets ass et nach kal wéi am Wanter, Daachs-iwwer, bléiht well alles.

22 Etappe, vun Lillesand op

Nidelv Brygge og Camping

Hunn mir virgeholl, Nasjonal sykkelrute Nr. 1 – Kystruta, zu fueren. Dei leeft déi ganzen Zäit laanscht Ost-Küst.
Wat een net méi gewinnt ass, ass, dass et och mol rëm Bierg erop geet, mol méi, mol manner. Hunn mech dozou entscheet, gemittlech weider zu fueren, sou, dass ech de Samsten zu Larvik sinn. Dat léit südlech vun Oslo.

Wat an Norwegen ganz markant ass, ass dat vill Waasser. Op Fjorden, Seen oder Baachen. Bëscher sinn wëll an heiansdo, wann een sou ganz eleng op enger ofgeleeëner Stréck ënnerwee ass, gëtt et och mol onheemlech 😉. Iwwerall lauert den Elch 🦌 🤣

21 Etappe, vun Hirtshals 🇩🇰 op Kristiansand 🇧🇻

Dëse Samschden war et da souwäit. No enger Zwangspaus vun 2 Deeg, sinn ech endlech op Fär vir an Norwegen komm.

Bessen komesch war et schonns, hunn extra eng Rei vir mech kritt, souguer lenks a riets vu mir, hunn se frei gelooss 🤔

D’Iwwerfahrt dauert ca. 3 Stonnen. U Bord ass alles wat een sou brauch.
Duerch de Wand hate mir nawell bësse Seegang 🤢, dat war awer nëmmen hallef sou wëll

An lo….naja, ech sinn lo an Norwegen! No zisch Deeg, ëmmer een Ziel virun Aen, sinn ech lo do. Ech war, éierlech gesot enttäuscht. Dat heescht ech sinn do ukomme wou ech wollt, méi Plang war et…fuer an Norwegen.
Bewosst ass mir ginn, dass méi Trip, meng Rees lues, awer sécher zu Enn geet.
Ech fuere lo nach ca. 300 Km Richtung Oslo, wou ech dann, kommende Samschden zréck an Dänemark mat der Fär fueren.
An do wäert, hoffen ech mol, meng Fra a meng Kanner mech ofhuelen, sou dass mir nach eng ganz Woch, zesumme Vakanz maache kann

Keng Etappe, just 4 Fun Tour

Gëschter sinn ech op Hirtshals gefuer. Bei Böen vun 80 – 100 Km/h war Vëlo fueren dohi super, mee fir zréck onheemlech ustrengend 🥵


Muer geet et endlech op’t Fär. Hunn bëssen Zwangspaus, wengs dem Wieder. Et war awer net sou schlëmm wei gemellt. Deen Dauerreen, dee gemellt war, ass net komm.
Hunn vun der Zäit profitéiert, fir Inventar zu maachen, nom Vëlo zu kucken an och zu raschten.

20 Etappe, vun Blokhus bis Tornby Strand bei Hirtshals

Wei ech Moies gestart sinn, war et mol nach dréchen an d’Sonn huet sech kuerz gewisen. Um Wee op Hirtshals, léit Hune. Bewonnere konnt een hei, déi gréisste Sandbuerg. Ee riesen Hiwwel Sand mat enger Buerg drop.

An aner Skulpturen konnt een sech hei ukucken.

Lues awer sécher huet den Himmel sech ëmmer weider zougezunn an et koum och méi Wand op.
Iergendwann war et souwäit, et huet gereent an net méi opgehalen.

Op dësem Deel, ass et eng länger Zäit iwwert de Strand gaangen. An Dänemark ass de Sand um Strand sou fest, dass ee mam Auto drop fuere kann. Et kann ee praktesch bis bei’t Waasser fueren.
An wann ee soulaang um Bord vum Waasser fiert, fënnt een deen een oder anere Kadaver

An et huet ëmmer méi gereent 🌧

Wärend deene 60 Km déi ech duerch de Reen gefuer sinn, hunn ech mir iwwerluecht, wéi ech meng Rees weider plange soll. De Problem ass, wann bis engkeier alles naass ass, da krit een dat net méi sou schnell dreschen.

hunn mech gefrot, ob héi evt Krokodille dran setzen

Ech hunn mech entscheet, bis de Samschden, Wiederbedéngt zu pausen. Hunn mir vir déi Zäit zu iwwerbrécken, eng kleng Hütt geholl. Dann kann ech mol alles dréchnen an bësse relaxen. Hunn jo schliisslech Vakanz 😃

Ech hunn meng Fär gebucht. De Samste geet et an Norwegen. Do wäert ech nach eng kuerz Woch verbréngen, bis meng Fra mat de Kanner mech rëm zu Hirtshals ofhuelen.

19 Etappe…..vun ech-wees-net-wou op Blokhus

Des Etappe war ustrengend. No enger Nuecht, wou ech nëmmen 3 Stonne schlofe konnt, hunn ech mech well de Moien um 7 Auer op de Wee gemaach.
Ech sollt haut, meng letzt Etappe an Dänemark maachen, mee leider huet Wieder net matgespillt.
Reen an Wand…dofir hunn ech och weider keng Fotoe gemaach.

Déi nächst Deeg sinn hei Stierm gemellt. Wees dohier nach net wéi ech meng Rees weider plangen.

Engt ass gewosst…muss nach an Norwegen 😎

Een Highlight gëtt et awer…Pizza an eng kleng Hütt.
Hunn nees missten eng Wäsch maachen.

18 Etappe, mat der Thyborøn – Agger Fähr bis op Thylejren

An wat ech ganz vergiess hunn zu soen…Nuets ass et net méi kal. Hunn mir zu Esberg, vir 239dkk een néie Schlofsak am Biltema kaf. Lo muss ech nuets keng Jackett a Box vir zu schlofen unhale 😁

Mat der Fär goung et weider. Laang Zäit ass et op enger schmueler Landzong weider gaangen. Hat Réckewand, an hunn mech mat deem dreiwe gelooss.

Landschaft ännert sech well nees. Et gëtt méi Hiwweleg a Küst ännert sech och nees.

Speziell un dessr Etapp war, dass déi letzt 40 Km keen Handyempfang war an och Garmin kee Signal méi fonnt huet. Dat ass alles kee Problem, well de Wee gutt ausgeschëldert ass.

Dofir war mäin Nuetslager dat aller mannste wat ech bis Haut (op der ganzer Welt) hat.

17 Etappe Hvide Sand op Ferring

Ech géif mengen, dass dësen Deel vun der Westcost Cycle Road dee scheinsten ass. Immens ofwiesslungsräich, puer kleng Hiwwelen an ëmmer rëm Waasser.

Bei beschtem Wieder ass et weider Richtung Norde gaangen

D’Weeer ware bësse méi schwéier zu fueren, besonnesch mat Gepäck. Sand, Kressi a Beschweeer, vun allem war eppes dobäi.

De Camping hat ech ganz vir mech alleng. Stemmt net, de Proprietär, huet mer erkläert, dass ech alles wat een iesse kann , gutt apake resp. An mäin Zelt huele soll. Nuets wier ee klenge Raiber ënnerwee

16 Etappe as vun Esberg iwwert Vejers an weider an Richtung Hvide Strand

Nördlech vun Esberg léit Vejers Strand. Eng schéi Plaatz vir Vakanz zu maachen. Südlech vu Vejers ass Militärgebitt. Hei kennt et mol fir, dass een ee Panzer begéint oder dass geschoss gëtt. Kapp anzéihen ☠💀

Définitiv, eng vu menge schéinsten Etappen bis elo. Et hat ee souvill Andréck, dass een de strammen Nordwand net an uergt geholl huet.

Iwwert Dünen ass et duerch de Bësch gaangen, weider laanscht längst vergiesse Gleiser

Deen Kräftegen Nordwand hat et an sech, Kilometer hunn sech gezunn ewéi ee Lastik a war frou vir mäin Nuetslager obzubauen

15 Etappe, Ribe op Esberg

Vun Ribe sinn ech weider op Esberg gefuer. Do war ech nach ee Frënd besichen. Et ass nach eng ganz jong Hafenstaat. Fréier hunn hei d’Leit hir Sue mat Fësch verdéngt, haut ginn hei Stecker vir offshore Wandmillen a Riggs stokeiert.

Virun der Staat léit d’Insel Fanø, bis 2008 war d’Insel, war d’Insel nach net vunn Landminne geraumt.

14 Etappe, Ballum, Rømø op Ribe

De Moien sinn ech um 9 Auer gestart, no engem gudde Frühstück, Richtung Rømø.
Rømø ass eng Wattenmeerinsel, welch iwwert een Damm vu ca. 10 Km zu erreechen ass.
D’Wieder war haut net super, et huet oft kuerz gereent. Och war relativ vill Wand, aus Westen.
💨 deen hunn ech och zu spiere kritt, wei ech iwwert den Damm op Rømø wollt fueren. Hunn an der Mëtt vum Wee entscheet net weider zu fueren, an dofir méi Zäit zu Ribe zu verbréngen.

Laut Wikipedia ass Ribe déi eelste Staat aus Dänemark. Dat ganzt Mëttelalter bis an déi fréi Neizäit war Ribe ee ganz wichtegen Hafen an der Nordsee.
Ribe huet och ee Museum iwwert Hexeverbrennung. Hunn mir dat mol ugekuckt, et weess een jo ni 😉

13 Etappe, von Tønder op Ballum

Haut mol eng ganz kuerz Etappe, ca.30Km. De Grond dofir ass folgenden:

Haut hunn ech 1000 Km um Compteur an, bësse manner spektakuläre, ech muss mol meng Kleeder wäschen. Gutt dass ee kee Gerochs-Link op enger Website gëtt.
Gouf oft gefrot, virwaat ech déi Rees eleng machen? Haut hunn ech d’Äntwert,….fréier oder spéider kann een sech net méi riche.

North Sea Cycle Route

https://en.eurovelo.com/ev12

Wann mir genuch Zäit bleift, géif ech gäre bis Hirtshals 🇩🇰 fueren. Mat der Fär op Kristiansand 🇳🇴 bis Horten 🇳🇴, Fär op Moss 🇧🇻 a virun op Göteborg 🇸🇪.
Alles op der North Sea Cycle Route. Daat as de Plang

12 Etappe…dann passeieren mer mol eng Grenz…Denmark

De Moien, wei ech aus menge kalen Quartéier rausgeklottert sinn, konnt ech mir nach net virstelle bis un déi Dänesch Grenz zu fueren, op Tønder.
Dei letzt Nuecht war mega kal, hunn mat schrecke festgestallt dass mäin Schlofsak bis 10 Grad + ass 🤣…mee sou leiert een.
Zréck bei mäin Tour. Weider ass et laanscht Mier gaangen, woubäi, de Moie keent méi do war. Watt? Jo genee, einfach komesch wann Honnerte vu Meter Waasser zréck gaangen ass. Vun Büsum op Husum a weider op Tønder 103 Km 🥴. Mee, lo sinn ech an Dänemark

11 Etappe -> Nordsee 😃

Büsum

Trotz kräftegem Géigewand, sinn ech ganz gutt viru komm a konnt mäin Quarteier scho fréi opriichten. Hun haut vum super Wieder profitéiert an hunn, ouni Vëlo, Büsum besicht.

An hunn mir eppes gegonnt 🤩

10 Etappe, Hamburg a dann weider op Itzehoe

Zu Wentdorf konnt ech bei der Famille iwwernuechten. Sinn moies géint 10 Auer op Hamburg gefuer. Wat ech guer net um Plang hat, war dass 1 Mai war. An der Hafen-City war iwwerall Police. Bedéngt durch déi Manif, ware vill Stroossen zou an ech hunn missten een anere Wee wielen. Mengen, ech sinn duerch dat ellen a knaschtegt Véierel gefuer, wat Hamburg zu bidden huet.

Ee vun de gréisste Problemer, déi ech ëmmer rëm op menger Rees hunn, sinn Schloofplaatzen ze fannen. Och wann ech virun enger Etappe ee Camping rausgesicht hunn, ass et lo well wei oft virkomm, dass et dee Camping net gëtt.
Google a co. sinn hei leider net um leschten Stand!
Och lo hei zu Itzehoe, hunn ech ee groussen Ëmwee maache vir eng Platz zu fannen. Woubei, deen hat sech gelount hat.

Etappe 9, duerch Lüneburgr Heide op Wentdorf bei Hamburg

Vun Soltau aus, sinn ech dunn queesch duerch Lüneburger Heide.
Sinn laanscht Hügelgräber gefuer, Relikten aus längst vergaangener Zäit.
Weider duerch de Friedwald (Beschkierfend) an den Totengrund

Dat „Heidedorf“ Wilsede, leit matten am Naturschutzgebitt. Wann eppes hei fueren dierf, da sinn et just Pärdskutschen a Velo’en.

Aus der Heide raus, sinn ech weider Richtung Hamburg gefuer. Et goufen 2 Méiglechkeete vir dohin zu komme wou ech wollt. Ech hätt kennen duerch Hamburg fueren, wat ee klengen Ëmwee gewiergt wier. Hunn mech entscheet südlech vun Hamburg, eng Fär iwwert Elbe zu huelen, wat bësse méi kuerz war.

Etappe 8, vun der Weser op Soltau

Haut war de Wuerm bëssen dran. Hat ee Platten. Wei ech dee wollt flecken, hunn ech festgestallt dass mäin Colle verflunn war.
Also huet missten een neie Schlauch ran

Et gouf net vill ze gesinn. Et huet mech bessen un Doheem erënnert. Ab und zu huet een da mol ee Mouer gesinn. Sinn gefuer bis bei den Heidepark, a muer geet et an Lüneburger Heide. Deemno, wei fit ech sinn, fueren ech weider op Hamburg.

Etappe 7, Bielefeld op Petershagen un der Weser

Vun Bielefeld sinn ech Richtung Weser Radweg gefuer. Ech sinn am Niwwel fortgefuer an lues awer sécher koum Sonn reem luussen. Ech hunn awer profitéier, zu Bad Oeynhausen Famille zu besichen. No engem gudden Kaffi, sinn ech dunn Porta Westfalica gefuer laanscht dem
Kaiser Wilhelm säin Denkmal.

Denkmal vum Kaiser Wilhelm

De Weser Rad Weg geet bis rop op Bremen. Ech wäert deen awer net ganz fueren. Et ass een ëmmer parallel zum Floss ënnerwee, fiert een iwwer Brécken a Schleise laanscht. Zu Minden kann ee souguer iwwert eng Breck mam Boot fueren.
Et ass eng ganz intressant Streck, a lues awer sécher ännert sech alles. Grouss Häff am rouden Backstein, iwwerall begéint ee Fasanen an anert Gedéiesch

Um „Wasserstrassenkreuz“ Minden geet den „Mittellandkanal“ iwwert „Trogbrücke“ iwwert Weser. D’Weser leeft ca. 13 Meter drënner duerch.

Bei engem Kolleeg, mat dem ech Jetski gefuer sinn, wärend ech lo 2 Deeg pausen. Sinn lo genee eng Woch ënnerwee, vill méi weit komm wei ech an der Zäit wollt.
Hunn mir iwwerluescht, queesch duerch Lüneburger Heide, op Hamburg zu fueren. D’Wieder soll jo bis op Weideres gutt bleiwen.

Etappe 6, Vun Bergkamen op Bielefeld (am Reen 🌧)

Haut stong eng ganz Etappe am Reen um Programm. De Moien huet just bëssen gedrëpst, mee am Nomëtten, do huet et souvill gereent, dass et keen Spaass méi gemaach huet (stemmt net, mee war awer frou dass ech an eng Jugendherberg konnt)

Ech wollt hei zu Bielefeld 2 Deeg pausen, mee leider krut ech nëmmen en Zëmmer vir eng Nuecht.
Mat gratis Wlan, gutt zu iessen an eng Dusch.

Muer soll et och nach Reenen, dofir hat ech wëlles nëmmen eng kleng Etapp bis Minden zu maachen. Dann geet et op de Weser-Radweg Richtung Bremen

Hat well gemengt ech wir rem zreck gefuer op St Vith 🤪

Etappe 5, vun Essen op Bergkamen

Bochum

Vum Camping aus sinn ech Richtung Essen Zentrum gefuer. Wat ee soe muss, hei ass ee riesich Vëloswee Angebot. Ech hunn mech haaptsächlech un „Industrie Route“ gehalen.

Dei „Route“ ass duerch Essen, Bochum an Dortmund gaangen. Divers Industrie konnt een sech ukucken, mee ech hätt vill hin an hir fuere mussen.

Et huet een dat Gefill gehat, ni aus enger Staat rauszekommen, do war ee schonn an der nächster.
Leider sinn vill vun der aaler Industrie immens erofkomm, respektiv futti gemaach ginn

Zu Bergkamen hunn ech ee Bed an Bike fonnt, Marina Nord. Hei konnt een am Zelt, enger klenger Hütt oder am Gästehaus iwwernuecht.
Well zu deem Zäitpunkt, Wieder nach gutt war, hunn ech am Zelt gepennt.
Ausgewogen Ernierung stoung och um Plang

Etappe 4, vun Neuss op Essen

No engem gudden Iessen an enger erhuelsamer Nuecht an der Garage, sinn ech de Moie Richtung Essen gefuer

Mam Vëlo, 4 Km queesch duerch Düsseldorf war zimmlech abenteuerlech 😅.
Scho relativ fréi hunn ech mein Camping erreescht, an hunn bëssen dee schéine Sonnegen Daach genoss. Owes, gouf et dunn nach ganz kulinaresch. Hunn een 3 Stäre Menü gezaubert

3 Etappe, Aachen Richtung Neuss

Op menger 3ter Etappe, hunn ech mir virgeholl, ee Frënd zu besichen mat deem ech Jetski gefuer sinn. Meng Rees feiert mech duerch Aachen bis op Mönchengladbach. Et ass relativ langweileg bis dohin, mee ganz passabel Weeër.

2 Etappe, Vennbahn Richtung Aachen

Geschter, war ee laangen Daach. Nodeems ech een laangjähreschen Aarbechtskolleeg besichen war, sinn ech vu St Vith iwwert Vennbahn Richtung Aachen.
Eng wonnerschéin Streck vir Grouss a Kleng.

Zu Röetgen, 65 Km, haat ech mir ee klenge Camping rausgesicht.
Leider haat ech net opgepasst, sämtlech Campingplaatzen an Hotel’en waren duerch Heischwasser vum letze Joer zesteiert. Op ca. 25Km, huet een dee ganze Misere gesin. Brécke fortgespullt. Haiser just nach ab dem éischte Stack bewunnbar.
Sou gouf aus mengen 65 Km, ca. der 100. Sin gefuer bis kuerz virun Aachen

Nodeems ech säit laangem op dëse Daach gewaart hunn, ass den Start mir immens schwéier gefall. Meng Fra, meng Kanner an den Recht vun der Famille zréckloossen, och wann et emmen 42 Deeg sinn, war net einfach.

Rees as iwer Wallendorf, Longsdorf, Niklosbierg an Housen gaang. Meng Mettegpaus wollt ech zu Housen maachen, leider haat deen Een seng Kichen net op, an deem Aaneren huet et net gepasst dass ech mein Velo widdert een Luuchtenpotto gestalt hun.
Aus Housen raus, get et eng Portuguisech Epicerie mat Snack…do krut ech dann mol eppes ze iessen.
Waat ech nach soen muss, bis Manach war et richtesch sauer. Hun irgendweis 1200 Hm gemaach.

https://connect.garmin.com/modern/activity/8673484948?share_unique_id=10

mamirkeenouertour

Virbereedungen

Lo geet et gläich lass. Ech versichen op dëser Säit, mäin Tour mat Biller an Text zu dokumentéieren. An deene kommende Woche werd ech all Daach, ee Post maachen. Beschreiwe wou ech sinn oder wat ech deen Daach sou erlieft hunn.

Niewent deenen Traditionellen Saachen wei Zelt, Schlofsak, huelen ech net vill Gepäck mat. Eng Erausfuerderung, sinn Kleeder. Weess nach net wat mech alles ënnerwee erwaart, mee muss mat allen méiglechen Wiedersituatiounen rechnen.