Bikepacking Adventure 2023

Bikepacking Adventure 2023

560 KM I DANMARKS SMUKKESTE NATUR

No der letzter grousser Tour, Lëtzebuerg Norwegen, steet dëst Joer een mei klengen Tour um Programm.

Mäin Bouf, 12 Joer, an ech fueren dëst Joer zesummen.

Als éischt grouss Rees um Vëlo hunn mer äis vir Westküst vun Dänemark entscheet. Well ech déi kennen an wees dass déi gutt zu packen ass.

Mir reesen bis Esberg mam Auto. Dann iwwernuechten mer vir letzt an der Zivilisatioun, beim Klaus.

Hien wert äis och speider am Norden ofhuelen.

Am Gepäck hunn mer alles wat een sou brauch. Mir probéieren dës kéier alles och op Video festhalen an natierlech sollten et all Daach Neiegkeet op menge Websäit, Insta usw ginn.

Mee haut gëtt mol gepackt, Vëloen färdesch gemaach.

first day, Esberg

No enger ustrengender Faart, sinn mir zu Esberg ukommen. Et ass nawell stiermesch a vir déi kommend Deeg ass nëmme Reen gemellt. Wat eisen Tour erschwéieren wäert. Mol kucke wat eist Material alles aushält.

Muer maache mol nach relax, verbréngen den Daach am Legoland

Lets ride to Vejers, 43Km

Haut ass et mol richteg lass gaangen. Vir alleréischt, sinn mer bei „Mennesket ved Havet“ gefuer.
„De Mënsch bei Mier“, sinn Néng Meter héisch Skulpturen aus wäissem Beton. Sou gesinn se all gläich aus. Mee wann ee méi genee kuckt, da fënnt ee raus wat anescht ass.
Net weit wäsch ass ee Schëffahrtsmuseum, da gi mer äis um Réckwee ukucken.


Mir hunn leider net déi beschte Konditiounen, am schlëmmsten ass de Wand.
Vun de Mennesketved Havet sinn mir direkt laanscht Waasser Richtung Hjerting gefuer. Iwwert eng Strandpromenade a Vëloswee ass et viru Richtung Blåvand gaangen. Punkto Wieder ass et gaangen, sonn a Wolleken am wiessel.

An wat hei geschitt soll sinn…wësse mer net. Kënne just spekuléieren , Fahrerflucht

Zu Vejers ukomme, hunn mer äis eng Platz vir zu schlofe gesicht.

An well mer nach vill Zäit haten, sinn mer nach a Schwemm an op de Strand gaangen.

Børk , Wikingerhafen…mir kommen

Vun Vejers ass et weider gaangen duerch Dünenlanschaften a Bëscher. Mir sollte méi wei een Hirsch begéinen a waren ëmmer rëm erstaunt wei grouss déi dach sinn.

Filsø ass ee Séi, net weit wäsch vun Henne Strand. Laut Wikipedia usw wier dësse See ee botanescht Wonner.Geschicht vum Séi geet zrëck bis a Stengzãit an ass well puer dausend Joer al.
An der Mëtt vum 18ten Joerhonnert hunn se de Sei eidel gepompelt, vir Land anescht zu notzen.
Dat ganzt huet ca. 4 Joer laang gedauert vir een groussen Deel dréchen zu leen…an wärend den 2 Weltkrich gouf den Rescht dréche geluecht. Schwäin sinn dunn do gezillt ginn

2010 huet de Jensen Naturfond dat Gebitt kaf, mam Ziel de Ürsprünglësche Filsø See zu erschafen.
Renaturéierung ass gelongen, säit 2011 sinn méi wei 200 Vullenaarte registréiert ginn.
Et ass den Artenreischste Séi Denmarks

Zu Børk ukomm, hunn mir äis mol eng Plaz vir zu schlofe rausgesicht. Leider war sou ee Wand, dass mir net an engem vun deene villen, gratis Shelters profitéiere konnte

Auf Wiking gehen…

Dat heescht souvill, wéi op Rees zu goen. Haut war eise Roudaach. Dofir hunn mir dee ganzen Daach bei de Wikinger am Børk Vikingerhavn verbruecht

Riesig, bestialisch, klug und gerissen, verkörpert der Fenriswolf all jene Urängste, die uns als Menschen seither heimsuchen. Er triggert Unbehagen, aber auch Faszination. Die Götter fürchten sich so sehr vor ihm, dass sie ihn füttern und in ihrer Nähe behalten.

daat seet den Google

De Finn ass deem Kärel awer meeschter gi

Mir haten een Daach voller neier Andrëck. Mir hate Wikinger Iessen, Wikinger Toiletten, Wikinger Spiller, Haiser, Opferplatzen, Géisserei a Booter

Et war ee schéinen Dach, mir haten haut och nëmmen 4 Reeschaueren ;-).
Als Ofschloss, hunn mir äis ee klengen Dessert gegënnt

white sands

An weider geet äis Rees. Als Ziel hunn mer Hvide Sande rausgesicht. Dat as eng Etappe vu ca. 36 Km.
Mir hunn Sonn a Wand aus dem Westen dee äis begleede wäert.

Hvide Sande ass eng kleng Hafenstaat direkt um Ringkøbing Fjord.
Gegrënnt gouf Staat, wei Mier mam Fjord verbonne gouf, dem Hvide Sande Kanal. Grond dofir war, dass de Fjord bal zu engem Bannesee gouf.
Haut ass eng Staat vir Touristen a Surfer.

Angeblech hunn Séihënn ëmmer Virfaart. Hei kann een si zu Hvide Sande beochbachten, wei se iwwert Strooss „robben“. Si wëllen da vum Hafenbecken n de Fjord. Mir hunn awer leider keng gesinn.

ee Update…. 🙁

Leider hunn mir Haut eng Decisioun missten huelen, wei mir weider maache sollen. De Plang war bis op Skagen zu fueren, wat och ouni weideres zu packen ass.
Lo ass et awer sou, dass eise College, do wou eisen Auto steet, äis net siche komme kann.
Mir hunn vir äis decidéiert, einfach gemiddlëch rëm zréck zu fuere

An och Punkto Wieder, hunn mer de Moment kee Gléck. Seid gëscht Owend Dauerreen…