Mäin Peugeot 201 vun 1930

Oktober 2021,

hunn ech ugebuede kritt, mengem Monni säin Peugeot 201 an de Süde vum Land sichen zu fueren. Ufangs konnt ech mer net wierklech virstellen, dass ech mat sou eppes antikem Spaass kënnt hunn, awer et sollt sech anescht weisen.

An well et kuerz virun Halloween war, hat ech den Peugeot, als Halloween Deko am Virgaart stoen, inklusiv een Skelett als Chauffeur.

Net jidderengem huet et gefall an e puer Kanner aus dem Duerf war et net geheier.

Mäin Monni huet mir erzielt dass him deen Auto leed gedoen, wéi en do stoung, verbrannte Pneuen, Vinyl vum Daach geschmolt, den Inerieur verbrannt an den Lack verbrannt. An sou huet hien deen virun méi wei 30 Joer kaaf. An wann een en sou kuckt, jo, et war een Aarmut ze gesi wéi déi Madamm erof kommen ass.

En stoung net weit vun do, wou ech lo wunnen, an engem Schapp. An deem Schapp war ee Feier ausgebrach, an Hëtzt huet dem Peugeot leider net sou gutt gedoen.

An awer huet déi Madamm Stil, déi letzte Joren, war si Dekoratioun vir verschidden Halloween Féieren an Disko’en.

Geschicht vum Peugeot 201

Der Peugeot 201 wurde zwischen Juli 1929 und September 1937 in 142.309 Exemplaren vom französischen Automobilhersteller Peugeot in Sochaux gebaut. Es war ein unmittelbar vor der Weltwirtschaftskrise 1929 neu entwickeltes und auf dem Pariser Automobilsalon präsentiertes Fahrzeugmodell. Im Gegensatz zu einigen seiner Konkurrenten überstand Peugeot die Wirtschaftskrise der 1930er Jahre und gewann das Image einer Automobilmarke von bedeutenden Konstrukteuren nicht zuletzt dank des Modells 201.

Der 201 wurde in vielen verschiedenen Varianten angeboten. Anfangs war er mit einem 1122-cm³-Vierzylinder-Motor ausgerüstet, der 23 PS (17 kW) bei 3500/min leistete und dem 890 kg schweren Fahrzeug eine Höchstgeschwindigkeit von 80 km/h ermöglichte. Später erhielt das Modell einen Motor mit 1307 cm³ und zuletzt standen 35 PS (26 kW) aus 1465 cm³ Hubraum zur Verfügung. Der Radstand betrug 247 cm. Der 201 bekam 1931 eine Einzelradaufhängung vorn.

Bei seiner Präsentation war der 201 das erste Peugeot-Modell, das die später patentierte mittlere Null in der dreiziffrigen Modellbezeichnung führte, die bis heute erhalten geblieben ist. Zu Beginn umschloss diese 0 den Einschnitt im Blech für die Starterkurbel. (Quelle : Wikipedia)

Folgen vum Feier

Lénks op den Biller ass zu erkenne wat dat Feier deemools ugeriicht huet. Och wann den Auto net direkt am Feier stoung , ass déi enorm Hëtzt duer gaangen, vir grousse Schued zu hannerloossen.

Et muss een hei och nach soen, dass an engem Auto vun 1930 aner Material verschafft ginn ass wei haut des Daachs. Zum groussen Deel, besteet den Chassis vum Peugeot nach aus Holz an ass just mat Holz verkleet.

Lieder, wou Sëtzer bezu sinn, ass net verbrannt, mee komplett ausgedréchent a ressëch. Den Himmel, aus Stoff, ass komplett verbrannt. Sämtlech Fënsteren a Luuchte sinn zerstéiert gi vum Feier

An awer muss een ganz kloer soen, deen Auto ass an engem Éierlechen Zoustand. Mechanesch, schenkt op éischt Vue alles an der Réi zu sinn. Pneuen halen Loft an Bremsen funktionéieren och nach.

Präparatiounen vir den éischten Start

Nodeems eng Bestandsopnam gemaach gouf, wat alles muss gemaach gi, ass sich no diverse Stécker lass gaangen.

De Küler huet den Ateliers Hary Haagen vun Bartringen reparéiert. Passend Schläich vir de Küler an divers Dichtmaterial hunn ech mer besuergt.

Greisser Schwieregkeeten hat ech, vir eng passend Platine zu fannen. Iwwert een Frënd hunn ech eng Adress vun engem Mann kritt, dee genau déi Platine – nach orginal verpak – Doheem léien hat.

Weider Material hunn ech mir lenks a riets zesumme gesicht, ënner anerem och an diversen Foren gekuckt, op wat een oppasse muss wann een sou ee Motor no sou laanger Zäit start.

Grouss hëllef hat ech vu mengem Papp, deen, am gegensaatz vu mir, eppes dovu versteet

Sämtlech Flëssegkeeten goufen ausgetosch. Spezial Ueleg an Kühl-Flëssegkeet vir Autoen aus der Zäit, well fréier gouf et just einfachen Mineraleschen Ueleg. Castrol huet genau sou eppes an hirem Programm.

Mir war et wichteg, dass ier ze vill Suen dragestach ginn, vir alleréischt mol gekuckt gëtt, ob den Motor leeft resp. keng Gréisser Problemer mécht. Op éischt Vue, schéngt alles an der rei zu sinn, ausser puer kleng Fuiten, déi awer bei sou enger Bom normal sinn.

Et steet enger Restauratioun näischt am Wee, oder war do nach eppes? Yes, den Tüv!

Vir sou een alen Auto unzemellen, muss den Tüv een Gutachten maachen. Dat beweist dass den Auto am original Zoustand ass an dass keen op d’Idee kennt een super coolen Hot Rod zu bauen.

Also kennt den Tüv meiner Wahl bei mir laanscht an mengt, vir Pabeieren zu kréien, sollt dat Spill an engen „erhaltenswerten Zustand“ sinn – wat menger Meenung komplett zoutrëfft.

Leider ass et awer net sou einfach. Wat soll funktionéieren, ass déi ganz Beliichtung. Dann soll Gas-Pedall den jëtzegen Normen entspriechend ugepasst ginn an sou weider an sou fort. Alles keen Thema.

Wat awer leider beim Prèifer op daaf Ouren getraff ass, war den faites, dass ech déi Patina (Rat-Look) erhalen well.

Nujee, mol kucken wat een doraus mëscht.

Sich no passenden Deeler...

Passend Scheinwerfer hunn ech a Frankräich fonnt. (leboncoin)

Si sinn dem Alter entspriechend an der Réi, mussen nach bësse rafistoléiert ginn

Hënnescht Luuchten huet en Frënd  mer ginn ( Merci Pit) Déi waren nach zu restauréieren. Glieser (echt Glas) hunn ech aus dem Internet (Rudolfs Oldtimershop)

Ech hunn vill Zäit domat verbruecht, original Stecker aus der Zäit zu fannen. Am Forum Club01 hunn ech vill Hëllef an Adressen fonnt. Besonnesch wat Technike betrëfft resp. wou ech wat un Stecker fannen kéint.

No laanger Sich, hunn ech souguer passend Gaspedall fonnt ( spéider Modeller hunn den Gas do, wou en hin soll, Riets). Ech sinn just nach net dozou komm dat zu montéieren.

Déi letzt Stecker – Rèckstrahler an een Stopp vir op den Küler – hunn ech zu Essen op der Techno-Classica fonnt. An als Bonus, original Emblème vir op den Küler

Well den ganzen Vinyl-Daach verbrannt aas, hunn ech missen no  enger eleganter an bezuelbar Léisung sichen.

No laangen Iwwerleeungen, hunn ech mech dozou entscheet den Daach ganz graff zu debosseléieren. Vir dass et besser Ausgesäit, hunn ech den Blech mat enger Filzdecken (Decken vir beim plënneren zu polsteren, gëtt et vir puer Su am Baumaart) iwwerzunn.

Hei drop ass dunn uschléissen den Semlicuir komm, deen Säitlech mat den original Aluminiums Barquetten fixéiert gouf

Gutt un der Geschicht mam Simlicuir ass, dass een deen ganz einfach um Kader vum Daach fest Neelen kann. Dei Neel sinn spéider duerch Aluminiums Barquette verstoppt.

Dei Baguetten hunn ech op der Dréibänk, mat Poleierscheiwen oppoléiert. Si sinn rëm wei nei.

Och hei gesäit een rëm, wat fréier vun heichfertegen Materialien verbaut goufen. Messeng Schraneiren, Baguetten aus Alu oder Messeng. An net wei haut, alles am Plastik.

den Interieur oder dat wat nach iwwreg ass

Den Interieur ass ganz ok, wann een bedenkt dass deen Auto scho bal Honnert Joer huet. An den Sëtzer huet iergend een Deier gelieft an mussen bei Gelegendheet nei bezunn ginn.

Den Himmel ass leider ganz verbrannt, mee mat bëssen Stoff an Geschéck misst dat zu behiewen sinn.

Instrumenter sinn komplett.

Den Tacho huet awer bei der éischter Ausfaart net funktionéiert.

 

Vir aller éischt gouf alles op seng funktionaliteit gepréift. Den Ampermeter, Tankanzeig alles funktionéiert nach wei et soll. Den Tacho war bëssen zu waarm gi, sämtlech Aluminiumdeeler sinn sprock oder gebrach. Schued, mee dat ass leider sou. Hunn awer well eppes passendes fonnt.

Och deen Deel, wou fréier zwou, 6V Batterien waren, huet missen ugepasst ginn. Ech sinn den Kompromëss agaange, eng einfach 12 V Batterie zu verbauen, amplaz der zwou vun 6 Volt. Dofir war kleng Ëmbauten noutwendeg.

Och een Deel vum Bueden huet gefeelt, deen hunn ech mir lo mol provisoresch aus Aluminium gemaach. Hunn dat passend Stéck nach net fonnt